Championnatsmätch 21.03.2004 15.00h Senior 1

 

FC Tricolore Gasperich - FC Flaxweiler-Beyren 1:2 (1:0)

 

1:0 3' Hopp

1:1 54', 1:2 85'

 

 

An der Reckronn gelengt Tricolore nach net vill. Géint Fluesweiler-Beyren ass op engem schwéier bespillbaren Terrain eng 1:2 Nidderlag kasséiert ginn. Kampf a Krampf war meschtens Trumpf. D´Wieder huet och nat mat gespillt a sou hunn d´Zuschauer kee gudde Mätch gesinn.

 

  

 

Hei déi wichteg Momenter vum Mätch (Reporter : Vinny)

 

1.Halschent

3' Antonio Curioso flankt vu riets an d´Mett, de Mike Hopp ka fräi ophuelen a schiebt de Ball langscht de Goalie zum 1:0 eran

7' Supertackling vum Pascal Langers

8' De Mino Tria zit op der lénkser Säit dovun, get emmer méi séier, mee am Strofraum kritt e kee Power méi hannert séngem Schoss

12' De Carlo Antonicelli schéckt de Mino Tria op lénks, hien zit un, mee kritt de Ball net kontrolléiert

15' Pass an den Tricolore Strofraum, de Michele Corallo kennt ze spéit, F.B. Spiller zit vu lénks of, de Rui Moreira paréiert

17' Tricolore Trainer : Michele hal mol d'Sch...

24' Dréischoss vun engem FB Spiller, langscht de Goal

27' Giel Kaart Michele

30' Fräistouss Tricolore, Carlo Antonicelli setzt de Ball driwwer

30' Wat e Wieder, de Reporter zit sech zréck

Paus : Tricolore nach besser, mee den Trainer reegt sech permanent op

 

2.Halschent

46' Leonardo Romanazzi fir Michele Corallo

49' Giel Kaart Michele Corallo

52' Men Ferron fir Steve Schanet (verletzt)

54' FB Spiller spillt vu riets de Ball an d'Mett, FB Spiller zit vun 10m of, an den Eck : 1:1

60' Ferdy Ciufoli fir Fabio De Marco

66' Giel Kaart Mike Hopp

68' Daniele Barbaro passt op de Mike Hopp, am Strofraum get säi Schoss ofgeblockt

85' De Leonardo Romanazzi get op riets ausgedanzt, Pass an d'Mett, FB Spiller ka fräi aus 3m zum 1:2 erasetzen

90' Schluss : Fazit : De Mätch huet sech dem Wieder ugepasst

 

Tricolore - Flaxweiler-Beyren Opstellung

Tricolore - Flaxweiler-Beyren Fotoen